Et gi Momenter am Liewen, déi engem weisen, wat wierklech wichteg ass.
Virun engem Joer huet ee Saz eist Liewe vun engem Moment op deen anere verännert:
„Äre Bouf huet Leukemie.“
Zënterhier läit e laangen an intensive Wee hannert eis. Vill Chemotherapien, vill Nuechten an der Klinik, vill Suergen a vill Tréinen.
De Louis huet schonn e groussen Deel vu sengem Traitement gepackt, an awer läit nach bal ee Joer virun him.
Haut si mir stolz, wa mir gesinn, mat wéi enger Kraaft de Louis all dës Behandlungen duerchsteet. Wéi hien no allem, wat hie schonn huet missen duerchmaachen, eis all Dag mat sengem Laache Kraaft gëtt. Wéi super léif hien vun den Dokteren an Infirmièren entouréiert gëtt a wéi eist ganzt Ëmfeld, alles gemaach huet fir eis z’ënnerstëtzen, wou et nëmme gaangen ass 💙
Als Eltere vun engem Kand mat Leukemie wësse mir haut méi wéi jee, wéi entscheedend Kannerkriibsfuerschung ass. Si erhéicht Heelungschancen, verbessert Behandlungen, reduzéiert Niewewierkungen a Laangzäitfollgen.
Dofir maache mir och dëst Joer erëm mat enger Ekipp beim Lëtz Go Gold mat.
Eist Zil ass kloer: esou vill Spende wéi méiglech fir d’Kannerkriibsfuerschung ze sammelen.
👉 Dir wëllt eis ënnerstëtzen?
Da klickt op „Je donne à l’équipe“ a maacht eng Spend 💙
Oder nach besser: Gitt Deel vum #TeamLouis!
Mellt Iech iwwer „Je rejoins l’équipe“ un, sammelt mat eis Spenden a kommt de 26. September mat eis trëppelen oder lafen.
D‘lëscht Joer konnte mir als Ekipp bal 80.0000 EUR sammelen, d’Bün beim LëtzGoGold war bal net grouss genuch fir eis all. Dëst Joer hu mir dofir een neit Zil: Mir wëllen, datt se definitiv ze kleng ass!
Bréngt Frënn, Famill, Kolleegen an all Mënsch mat, deen zesumme mat eis eppes beweege wëll.
Fir de Louis.
Fir all Kand, dat géint de Kriibs kämpft 💙
33 days left to support Team Louis 💙
The beneficiary of your donation is Fondatioun Kriibskrank Kanner, who will establish your tax return document. The transaction is managed by Stripe - payment solutions, implemented by Raise & Shine SCRL — developer and host of the website you are visiting right now.
Our payment provider encountered a problem, don't hesitate to try again later. Please write us to contact@fondatioun.lu for more information